Chamberwalen 2023

Iwwert meng Kandidatur fir d’Chamberwalen op der Zentrumslëscht vun déi gréng

Credits: cliqo.lu

Ech wunne säit ech 4 Joer al sinn an der Stad. Ech war hei an der Schoul, hu mech fréi an der Quartiersmusek engagéiert a sinn haut nach do aktiv. No mengem Studium zu Paräis, Lissabon an Nanzeg sinn ech nees heihinner zréck komm.

Lëtzebuerg huet eng enorm Liewensqualitéit, déi ech duerch meng Joren am Ausland och nach méi schätze geléiert hunn. Ech sinn iwwerzeegt: wa mer déi Liewensqualitéit fir d’Zukunft erhalen an dofir suerge wëllen, dass jiddwereen:t dovu profitéiere kann, da musse mer als Gesellschaft nei Weeër goen. Ech wëll, dass och déi Jonk vun haut an déi nächst Generatiounen nach op engem intakte Planéit kënne liewen.

Dat geet just andeems mer eis Ëmwelt schützen, eis Ressource schounen a solidaresch matenee sinn. An et brauch eng staark Stëmm vun deene Jonken. Dofir engagéieren ech mech an der Politik.

Eng bezuelbar Wunneng fir jiddwereen:t

Op enger Pressekonferenz zur Logemenspolitik.

Wunnen ass e Grondrecht. Ouni bezuelbart Wunnen ass e gutt Liewen net méiglech. Zu Lëtzebuerg ass dëst Grondrecht am Moment net assuréiert. Dat muss sech änneren! Nodeems de Problem jorzéngtelaang vu politesche Responsabelen verschlof gouf, ass an de leschte 5 Joer Beweegung era komm. Nach ni gouf esou vill a bezuelbare Wunnraum investéiert wéi haut.

Ma et ass evident, dass e Problem, dee während 20 Joer verschlof gouf, net a knapp 5 Joer ka geléist ginn. Dofir brauche mir elo nach méi kloer a séier Mesuren.

Als Spriecher vun déi jonk gréng hunn ech mech an de leschte Joren ëmmer erëm fir méi wäitgoend Mesuren am Logement agesat, an dat mat Succès: viru kuerzem gouf eng zousätzlech Hëllef agefouert beim Kaf vun enger neier Wunneng, déi mir als jonk gréng gefuerdert haten. Dësen Engagement wëll ech an den nächste Jore viru féieren.

A Punkto Logement setzen ech mech besonnesch a fir:

  • Nach méi Investitiounen a bezuelbare Wunnraum, deen an ëffentlecher Hand bleift.
  • Finanziell Ënnerstëtzung geziilt fir Jonker, déi no engem éischten Doheem sichen oder lounen.
  • Eng konsequent a séier Besteierung vun onbebaute Bauterrainen an eidelstoend Wunnengen fir se ze mobiliséieren an doduerch méi Offer op de Wunnengsmarché ze bréngen.
  • Staatlech Fërderung vun alternative Wunnformen wéi Wunnkooperativen oder intergenerationnellt Wunnen, fir eng méi breet Offer vu Wunnraum déi sech un de Besoinen vun de Bierger:innen orientéiert.
  • E bessere Schutz vun de Locatairen.

Eng Ekonomie mat Zukunft

Ech sinn der Meenung, dass d’Ekonomie dem Mënsch dénge muss, an net ëmgedréint. Dat bedeit, Ressourcen net onnéideg ze verschwenden a virsichteg mat eiser Ëmwelt ëmzegoen. Et bedeit och, dass jiddwereen:t a gudden Aarbechtsbedéngunge soll schaffen a vu sengem Loun liewe kënnen. An et bedeit, dass mer net op blanne Wuesstem, mee op eng sënnvoll Entwécklung vun eiser Ekonomie setzen.

An de leschte Joren gouf et hei Fortschrëtter, z.B. bei den erneierbaren Energien, déi massiv ausgebaut goufen. Ma et bleift nach vill Loft no uewen an dat an alle Secteuren, vum Finanzsecteur iwwert d’Industrie bis zur Landwirtschaft. Déi nächst Jore sinn dofir entscheedend, fir déi richteg Weichen ze stellen an eist Land klimaneutral opzestellen.

Meng Prioritéiten am Beräich Ekonomie:

  • D’Uwenne vun alternativen Indicateuren wéi dem Luxembourg Index of Well-Being en plus vum PIB, fir de Fokus net just op de materielle Räichtum, mee op dat ze leeë wat wierklech wichteg ass, z.B. beim Opstelle vum Staatsbudget.
  • Kloer a verbindlech Strategien an alle Secteuren, fir d’Klimaziler z’errechen.
  • E Green New Deal fir Lëtzebuerg mat massiven Zukunftsinvestitiounen an engem nach méi attraktive Kader un Investitiounshëllefe a steierlechen Incentives fir d’Betriber an d’Stéit fir a Richtung Klimaneutraltiéit a Ressourceschutz ze goen, z.B. mat engem Bonus-Bausparvertrag fir energetesch Renovéierung.
  • Méi Ënnerstëtzung vu jonke Betriber, déi Neies ausprobéiere wëllen.
  • D’Fërdere vu Gemeinwohl-Bilanzen, wou d’Entreprisen net just hire Profit, mee och hir Plus-Value fir d’Gesellschaft moossen.
  • Eng Finanzplaz, déi a Punkto Klima, Ëmwelt a Mënscherechter Nummer 1 ass.
Credits: cliqo.lu

E gerechte Steiersystem, dee kee fale léisst

Duerch meng Aarbecht als parlamentareschen Attaché hunn ech mech an de leschte Joren intensiv mat der Steierpolitik beschäftegt. Ech sinn dovun iwwerzeegt, dass mir eise Steiersystem dréngend moderniséiere mussen.

De Potential vun enger Steierreform ass grouss – mir musse just de Courage hunn, en ze notzen. Nodeems also jorelaang virun allem iwwert d’Steierreform geschwat gouf, setzen ech mech dofir an, dass se an der nächster Legislaturperiod prioritär ëmgesat gëtt.

Ech setze mech fir eng Steierreform an, déi:

  • Grad an Zäite vun Inflatioun geziilt déi entlaascht, déi am stäerksten dovu betraff sinn an déi riskéieren, an d’Aarmut ofzerutschen.
  • Net méi jee no Liewenssituatioun diskriminéiert, also ob een:t bestuet, gepacsed, elengerzéiend oder Single ass, diskriminéieren. Et ass Zäit fir eng eenzeg, méi gerecht Steierklass fir jiddwereen:t.
  • Fir eng méi gerecht Besteierung suergt. Déi, déi immens vill Räichtum ugeheift hunn, mussen e méi grousse Bäitrag leeschten, z.B. mat engem méi héije Spëtzesteiersaz.
  • Eise Steiersystem méi ëmweltfrëndlech opstellt, z.B. andeems et steierlech méi attraktiv gëtt, a Richtung erneierbar Energien oder Ressourceneffizienz ze goen.
  • Déi Jonk um Ufank vun hirer berufflecher Carrière ënnerstëtzt, mat engem steierlech begënschtegten Start-Budget, dee fir nohalteg Mobilitéit oder de Logement ka genotzt ginn.

Eng staark Stëmm fir déi Jonk

Déi Jonk wäerten am längste vun de politeschen Entscheedunge vun haut betraff sinn. Als Spriecher vun de jonke grénge wëll ech dofir och eng jonk Dynamik an d’Chamber bréngen – a mäin Deel dozou bäidroen, dass déi Jonk eng staark Stëmm hunn.

Dofir hoffen ech den 8. Oktober op Deng Ënnerstëtzung fir meng Kandidatur a fir déi ganz gréng Lëscht!

De ganze Walprogramm vun déi gréng fir d’Chamberwalen gëtt et HEI.