Säit menger Kandheet wunnen ech an der Stad. Mir ass bewosst, dass et eng enorm Chance ass esou zentral kënnen ze wunnen. Fir ëmmer méi Jonker gëtt et schwéier bis onméiglech, sech eng Wunneng an oder no un der Stad oder iwwerhaapt zu Lëtzebuerg ze leeschten. D’Logementskris ass och eng Generatiounefro, déi mer no jorzéngtelaangem Versoe vun der Politik seriö ugoe mussen.
Wunnen ass e Grondrecht. Grad an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg kënne mir et eis net leeschten, dass ëmmer méi Leit sech keen Doheem méi leeschte kënnen. Dofir setzen ech mech dofir an, dass mer no jorzéngtelaangem Versoen déi néideg politesch Hiewel a Beweegung setzen, fir jiddwerengem zu Lëtzebuerg e bezuelbaaren Daach iwwert dem Kapp ze garantéieren.