Iwwer mech

Moien, ech sinn de Fabricio. Ech hunn 28 Joer a wunne säit ech 4 Joer al Sinn an der Stad.

Vill Spaß beim Liese vun dësem Blog.

Falls du irgend eng Fro, eng Remarque oder eng Ureegung hues, da schreiw mir einfach per Mail oder op Social Media.

Hei drënner gëss du méi iwwert mech gewuer.

D’Musik, meng Passioun

D’Musik ass meng Leidenschaft. Ech spille säit ech 6 Joer al sinn Trompett, a säit méi kuerzem och Piano.

Ech hu fréi ugefang mech an der Quartiersmusik am Pafendall z’engagéieren a sinn haut an der Harmonie Rollengergronn an am Orchestre de la Place de l’Europe aktiv.

D’Musik am Veräin war fir mech schonn ëmmer e Wee fir Verbindunge mat anere Mënschen ze schafen, deenen ech soss vläit net iwwert de Wee gelaf wier.

Meng portugiesesch Originnen

Portugal ass en Deel vu menger Identitéit. Ech sinn zwar zu Lëtzebuerg gebuer an hunn ausser dem Studium och ëmmer hei gewunnt, ma ech hu Portugal iwwert d’Jore Schrëtt fir Schrëtt kenne geléiert an och ee Joer zu Lissabon gewunnt.

Och haut ginn ech reegelméisseg zréck a Portugal, ënnert anerem fir meng Famill ze besichen.

Nohaltegkeet

A mengem Studium huet mech ee Cours besonnesch impressionnéiert. De Cours goung iwwer d’Politik vum Klimawandel, mat enger Proff déi mat verhandelt huet op der COP21, déi zu där Zäit stattfonnt huet.

Op der COP21 huet sech d’Weltgemeinschaft fir d’éischt Kéier gemeinsam Ziler gesat fir d’Äerderwiermung ze begrenzen.

Dës Zäit huet mer d’An op gemaach, dass de Schutz vun eisem Planéit, der Natur an dem Klima eng vun de gréisste Prioritéiten muss sinn – an dass et ka geléngen, wa mer all zesumme schaffen.

Mäi politeschen Engagement

Wéi ech 2018 bei de Koalitiounsverhandlungen fir déi zweet blo-rout-gréng Regierung dobäi war hunn ech déi éischte Kéier gemierkt, dass een an der Politik wierklech eppes verännere kann – och als Jonken. Dëst huet mer den Undriff ginn, mech politesch z’engagéieren fir selwer eppes ze veränneren.

Am Joer 2020 gouf ech déi éischt Kéier Member vum Comité vun déi jonk gréng. Am Mäerz 2022 gouf ech zum Co-Spriecher vun déi jonk gréng gewielt an och 2023 fir e weidert Joer bestätegt.

Déi Jonk wäerten am Längste vun de Konsequenzen vun deem, wat haut decidéiert gëtt, betraff sinn. Dofir brauche si och eng besonnesch staark Stëmm an der Politik, sief dat am Logement, am Klima oder bei der Steiergerechtegkeet.

Méi Infos iwwert meng Aarbecht bei déi jonk gréng gëtt et hei.

Gemengewalen 2023

Als laangjährege Stater gesinn ech dass ons Stad en enormt Potential huet, dat awer am Moment net genotzt gëtt. Och si mer mat enorme Krise konfrontéiert, déi virun allem déi Jonk betreffen, virop d’Klima- an d’Logementskris.

Fir dës Erausfuerderungen unzegoe brauche mer e frësche Wand an der Stater Gemeng – dat heescht nei Iddien, nei Leit an eng nei Dynamik. Dofir kandidéieren ech den 11. Juni op der Lëscht vun déi gréng fir de Stater Gemengerot.

Mir stinn als gréng fir den dréngend néidege politesche Wiessel an der Stad.


Foto mat Trompette: Copyright Max van Kooy