(Foto)
Säit ech 4 Joer al si wunnen ech an der Stad. D’Stad ass mäin doheem an ech wunnen, schaffe a liewe gären hei.
Ech hunn awer och wärend mengem Studium op anere Plaze gewunnt, ënnert anerem zu Paräis an zu Lissabon. Duerch déi Erfahrung an och duerch d’Reesen an aner Stied ass mir ëmmer méi bewosst ginn, wéi vill Potential ons Stad huet, dat am Moment net genotzt gëtt.
Sief dat an der Mobilitéit, wou ons Stad a Punkto Ëmgestaltung vum urbane Raum fir de Vëlo an d’Foussgänger den Uschloss u Stied wéi Paräis a Bréissel verpasst huet.
Sief dat am Logement, wou nach vill méi misst gemaach gi fir dass an Zukunft och nees méi Jonker kënnen an der Haaptstad wunnen.
A sief dat och am Beräich vun den erneierbaren Energien, déi mer onbedéngt vill méi séier ausbaue musse fir ons manner ofhängeg ze maachen an d’Klimakris ze stoppen.
Ech sinn dovun iwwerzeegt: ons Stad brauch frësche Wand, net just inhaltlech, mee och personell. Si brauch Mënschen un hirer Spëtzt, déi eng Visioun an den néidege Wëllen hunn, se ëmzesetzen.
Dofir sinn ech Kandidat fir d’Gemengewalen 2023 an der Stad Lëtzebuerg, op der Lëscht vun déi gréng.
Wat mir besonnesch wichteg ass.
Mobilitéit
Logement
Klima
Jugend?