En intakte Planéit

A mengem Studium huet mech ee Cours mat engem Professer, deen op der COP21 verhandelt huet, besonnesch impressionéiert. Op där enger Säit well mer d’Urgence an déi méiglech Auswierkunge vun der Klimakris richteg bewosst gi sinn. An op där anerer Säit well den Accord vun der Präisser COP21 gewisen huet, wéi d‘Politik ka viru kommen wann een zesumme schafft.

De Schutz vun eise Liewensgrondlagen ass fir mech eng vun de wichtegsten Prioritéiten, déi mer eis als Gesellschaft setze mussen. Ouni intakt Ëmwelt an e Klima, deen am Gläichgewiicht ass, gëtt et och kee gutt Liewen op der Äerd. Ech setze mech dofir an, dass de Klima- an Ëmweltschutz an alle Politikberäicher grouss geschriwwe gëtt, sief dat an der Wirtschaftspolitik, bei de Steieren an de Finanzen oder an der Landwirtschaft.