E gerechte Steiersystem

Schonn am Lycée konnt ech extrem gutt mat Zuelen ëmgoen. Et ass dofir villäicht och kee Wonner, dass ech mech haut staark fir Steierpolitik interesséieren. Jiddwereen*t bezilt der, mee nëmmen déi wéinegst blécken an där komplizéierter Matière duerch. Dobäi bestëmme Steieren eist Liewen wéi kaum en anere Politikberäich. Mat Steierpolitik kann d’Wirtschaft gelenkt, Gerechtegkeet garantéiert a Klimaschutz gestäerkt ginn.

No jorelaangem Gepléischters ass eise Steiersystem haut extrem komplex an op ville Punkten net koherent. Oft ginn déi falsch Saache belount a räich Individuen oder Entreprisen kréien d’Steieren ëmgaangen. Ech setze mech dofir an, dass jiddwereen*t säi faire Bäitrag zur Finanzéierung vun der Allgemengheet leescht an deem de Staat et erlaabt, effikass essentiell Servicer fir d’Biergerinnen a Bierger ze assuréieren. Ech setze mech a fir e modernen, sozialen an ökologesch gerechte Steiersystem.