
Jiddwereen huet dach elo Klima- an Ëmweltschutz am Programm. Firwat sollt ech dann iwwerhaapt nach gréng wielen?
Well ech déi Fro scho méi wéi eng Kéier gestallt krut, wëll ech hei kuerz dorop agoen.
Jo, et stëmmt, dass anescht wéi nach virun enger Rei Joren, haut déi allermeeschte Parteien iwwert Klima an Ëmwelt schwätzen, jo souguer Plakater mat Ëmwelt-Sloganen ophänken.
Ma driwwer schwätzen ass dat eent. Et wierklech Eescht huelen an ëmsetzen dat anert.
Well leider ass bei deene meeschte Parteien de Klima- an Ëmweltschutz oft dat éischt, dat iwwer Bord geheit gëtt, wann et Haart op Haart kënnt. E puer Beispiller:
Konservativ Politiker, dorënner d’EU-Parlamentarier vun der CSV, hunn nach viru kuerzem am EU-Parlament géint d’Nature Restoration Law gestëmmt.
Den LSAP-Landwirtschaftsminister huet et verpasst, eis den ambitiéisen Ziler, bis 2025 20% a bis 2050 100% vun eise landwirtschaftleche Fläche biologesch ze bewirtschaften, méi no ze bréngen. De leschten Zuelen no leie mir haut, 2023, bei mol net 7%.
D‘DP-Finanzministesch huet sech déi gréng Finanzen op de Fändel geschriwwen, ma wierklech geschitt ass awer net vill. Den Undeel u wierklech nohaltege Fonge bleift weiderhi kleng.
An et kéint een nach vill aner Beispiller nennen.
Als gréng schwätze mir net just iwwer Klima-, Ëmwelt- an Naturschutz, mir hunn et an de leschten 10 Joer an der Regierung ëmgesat:
D’Stroumproduktioun aus Wandenergie gouf säit 2013 vervéierfacht.
Mir hunn haut e Klimaschutzgesetz an e Klimaplang mat kloren Ziler a Moossnamen.
Et gouf nach ni esou vill finanziell Ënnerstëtzung, fir op nohalteg Alternative beim Heizen oder bei der Mobilitéit ëmzeklammen.
Haut sinn 83% vun eise Waasserquelle geschützt, 2013 waren et der 0%.
Mir sinn dat Land, wat europawäit am meeschte pro Kapp an den Zuch investéiert.
An esou weider.
Als gréng si mir dofir déi eenzeg, déi Klima- an Ëmweltschutz net just als Floskel op Sonndesrieden ernimmen, mee en an alle Beräicher matdenken, vun der Energie-, iwwert d’Finanz- bis zur Schoulpolitik.
Dee rezentste Beweis dovun hänkt dann och mëttlerweil op all zweete Luuchtepotto am Land. Wärend all déi aner gréisser Parteie vu lénks bis riets massiv Eeweeplastiksplakater un d’Luuchtepottoen hänken, verzichte mir als gréng komplett dorop an notze just Holzpanneauen, déi bei all Walen nees benotzt ginn. Och bei de Gadgeten verzichte mir am Géigesaz zu villen aneren op Eeweeplastik. Well fir eis fänkt den Ëmweltschutz bei eis selwer an der eegener Walcampagne un.
Fir d’Natur an de Klima ass et also net egal, wous du däi Kräiz den 8. Oktober méchs.
Den Text ass iwwerholl aus mengem Facebook Post.