De “Framing” vun der Verbuetspartei ass falsch. An awer brauche mer och am Klimaschutz kloer Reegelen.
“Déi gréng sinn eng Verbuetspartei a wëllen de Leit am Numm vum Klima virschreiwen, wéi se ze liewen hunn.”
Dëse Saz hunn ech esou oder esou änlech an de leschte Méint ëmmer nees héieren a gelies, sief dat am Gespréich mat Bekannten oder op de soziale Medien. An et héiert een dat och ëmmer erëm vu verschiddene virun allem konservative Parteien.

Mee wat ass iwwerhaapt do drun? A wat wëllen déi, déi dat ëmmer erëm widderhuelen, domat bezwecken?
Als een deen Ëmweltpolitik studéiert huet a sech elo säit e puer Joer politesch bei déi gréng engagéiert, fält et mer immens schwéier mat där Ausso eppes unzefänken.
Éischtens hunn ech net d’Gefill, dass déi gréng an deene leschten 10 Joer, wou se an der Regierung sinn, esou vill Saache verbueden hätten bzw. méi wéi anerer. De Verbuet vum Verbrennermotor ab 2035, deen z.B. ëmmer nees genannt gëtt, ass eng Initiativ vun der vun enger CDU-Politikerin geféierter EU-Kommissioun.
An zweetens hu mir eis als Gesellschaft an deenen allermeeschte Beräicher Reegele gesat, an dat aus gudde Grënn. Z.B. däerf een an der Uertschaft net mat méi wéi 50 fueren, fir sech selwer an anerer net a Gefor ze bréngen. Och dierfen haut verschidde Stoffer an der Liewensmëttelproduktioun net méi benotzt ginn, well mer wëssen dass se gëfteg sinn.
Wären dës Saachen ouni Reegele vum selwe geschitt? Héchstwarscheinlech net. Si mer frou dass mer dës Reegelen haut hunn? Natierlech.
Beim Klimaschutz ass et net vill anescht. Mir wëssen haut, wat den Effekt vun eisen Zäregas-Emissiounen ass an et ass och gewosst, a wat fir eng Richtung mir als Gesellschaft goe mussen, wa mer se reduzéieren an domat eist Iwwerliewen op der Äerd garantéire wëllen. Dat geet net vun eleng, mee och dofir brauch et Reegelen, z.B. dass op all Neibau wou et Sënn mécht, eng Photovoltaik-Anlag dropkënnt.
Et geet also net drëm, iergendengem eppes virzeschreiwe fir de Spaass un der Saach. Et geet drëm, d’Zukunft vun eisem Planéit an de Mënschen, déi drop liewen, ofzesécheren. Dass mir dofir Reegele brauchen, dierft wéi gesot net iwwerraschen. Au contraire, déi, déi soen et géif ouni goen, déi sinn net éierlech. De “Framing” vun der Verbuetspartei ass dowéinst de simpele Versuch, ze diskreditéieren, ouni awer selwer eng kredibel Léisung ze proposéieren.
Fazit: kee wëll alles verbidden a kee wëll de Leit virschreiwe wéi se ze liewen hunn. Woufir déi gréng an och ech selwer sech asetzen, si kloer Reegelen fir d’Zukunft vun deene Jonken an den nächste Generatiounen ofzesécheren.
Den Text ass iwwerholl aus mengem Facebook Post.