Wann net elo, wéini dann?

D’Stad Lëtzebuerg muss d’Leit endlech proaktiv an der Energietransitioun ënnerstëtzen

No dësem Summer misst och dee leschte verstanen hunn, dass d’Klimakris näischt Abstraktes ass, wat wäit an der Zukunft läit, mee eng Realitéit, déi mir och zu Lëtzebuerg ze spiere kréien. Dréchenten, Hëtzt, Bëschbränn  – all dës Phenomener heefe sech a gi vu Joer zu Joer méi staark.

Déi gutt Noriicht: ëmmer méi Leit gesinn d’Virdeeler vun den erneierbaren Energien a wëllen onofhängeg vu fossille Brennstoffer ginn. Déi aktuell Energiekris an d’Ofhängegkeet vu russeschem Gas hunn dat Bewosstsinn verstäerkt. D’Nofro no Wäermepompelen a Solarpanneauen ass esou grouss wéi nach ni. Der Transitioun a Richtung Klimaneutralitéit schéngt also näischt méi am Wee ze stoen.

Ma leider ass deem net esou. Op ville Plazen hänkt et, och op kommunalem Niveau. Esou och an der Stater Gemeng. Déi lescht disponibel Zuele weisen, dass sech zum Beispill a Punkto Solarenergie an der Stad bis elo wéineg gedoen huet. An de leschte Jore gouf bei der Energietransitioun wäertvoll Zäit verluer.

Schold dorun ass ënnert anerem de Mangel u proaktiver Politik vum CSV-DP Schäfferot. Den Eenzele kritt vun der Gemeng nach ëmmer vill Steng an de Wee geluecht. Zum Beispill ginn et an enger Rei Quartiere gréisser Hürden, fir eng Wäermepompel autoriséiert ze kréien, well de PAP et eigentlech verbitt.

Et ass dofir héich Zäit, d’Reglementer op de Leescht ze huelen an administrativ Hürden ofzebauen.

Och Solarpanneauen dierfen ënner anerem an den Däller vun onser Haaptstad net installéiert ginn, wa se vun uewe siichtbar sinn. Dobäi ginn et haut Panneauen, déi sech an d’Faarf vum Daach areien an op der Héicht vun der Daachbedeckung kënnen installéiert ginn. Aus der Distanz falen se also kaum op a wieren domat och bei denkmalgeschützte Gebaier eng gutt Optioun.

Et ass dofir héich Zäit, d’Reglementer op de Leescht ze huelen an administrativ Hürden ofzebauen. Amplaz d’Transitioun auszebremse muss d’Gemeng dofir suergen, dass jiddwereen*t onkomplizéiert op Erneierbarer ëmklamme kann.

Eng weider Erausfuerderung fir d’Energietransitioun ass de Finanzement. Trotz Subside vum Staat ass eng Gasheizung oft méi bëlleg wéi eng Wäermepompel. Grad an der Stad, wou d’Logementspräisser exorbitant héich sinn, ass dat fir vill Stéit schwéier ze finanzéieren. E Subside vun der Gemeng géif hei hëllefen. Zum Beispill kéint d’Gemeng en zousätzleche Pourcentage vun der staatlecher Hëllef als Subside bäisteieren.

Ausserdeem misst d’Stater Gemeng bei den eegene Gebaier déi erneierbar Energië méi promouvéieren. Bei der Solarenergie gëtt haut just e Brochdeel vum Potential genotzt. Dobäi huet d’Gemeng iwwert eng hallef Milliard Euro Reserven, déi kéinten dofir mobiliséiert ginn.

Déi meescht Stéit an der Stad heize mat fossillem Gas. Dat bedeit am Kontext vun den héije Gaspräisser an der allgemenger Inflatioun, dass dëse Wanter vill Stéit musse méi déif an d’Täsch gräifen an doduerch d’Enner ëmmer méi schwéier beienee kréien. Et ass dofir grad elo un der Zäit, aus der Klimakris och op kommunalem Plang eng Prioritéit ze maachen an all d’Staterinnen a Stater dobäi z’ënnerstëtzen, aus der fossiller Ofhängegkeet eraus ze kommen. Well wann net elo, wéini dann?

Éischtpublikatioun: Lëtzebuerger Land, 07.10.2022


Leave a Reply