Meng Ried um grénge Kongress

De 26. Mäerz 2022 hunn ech fir déi jonk gréng eng Ried um grénge Kongress zu Jonglënster gehalen.

Léif gréng Frëndinnen a Frënn,

Et ass mir eng grouss Freed haut hei als neie Co-Spriecher fir déi jonk gréng ze schwätzen.

Fir Iech duerzeeleeën, wat an eisen Aan an dëser Zäit Prioritéit huet.

Eis Fräiheet schützen

Mir erliewen am Moment Szenen an der Ukrain, déi meng Generatioun sech net méi um europäesche Kontinent virstelle konnt.
A mir gesinn och ganz vill Ukrainerinnen an Ukrainer, déi sech zum Deel fräiwëlleg melle fir hiert Land ze verteidegen.

Ma wa si hiert Land verteidegen, da maache se dat, well se net wëlle vun engem frieme Regimm ënnerworf ginn.

Se verteidege sech, well se wëlle fräi sinn. Fräi vu Verfolgung, fräi als Land an als Individuen hiren eegene Wee ze goen, a sech net vun engem Autokrat hir Zukunft diktéieren ze loossen.

Dëse Kampf fir d‘Fräiheet kann ech gutt novollzéien – well effektiv: Wat ass iwwerhaapt wichteg, wann net d’Fräiheet?

D’Fräiheet vun Ënnerdréckung.

D’Fräiheet vun Angscht a vun Nout, sief dat duerch en tyrannesche Staat oder e kollabéierende Klima.

D’Fräiheet fir jiddwereen an der Gesellschaft an net just fir déi, déi se sech leeschte kënnen.

Net just de Krich – och déi aner Krisen – d’Klimakris, déi klammend sozial Ongläichheeten, d’Logementkris, och dat si Geforen fir dës Fräiheet – virun allem fir déi Jonk an déi nächst Generatiounen.

Well ouni intakte Planéit, ouni Zougang zu enger bezuelbarer Wunneng, ouni d’Chance op eng erfëllten Zukunft gëtt et och kee fräit an eegebestëmmt Liewen.

Energie- a Klimapolitik

Mir mussen dowéinst elo méi wéi je virdrun de Wee vun enger konsequenter Klima- an Energiepolitik aschloen.

Andeems mer ons onofhängeg maachen – vun Autokratien a vun de fossilen Energien – an esou séier wéi méiglech op russesche Gas a Pëtrol verzichten.

Andeems mer den Ausbau vun den erneierbaren Energien an d’Energieeffizienz weider massiv beschleunegen.

An andeems mer net op geféierlech Pseudo-Alternative setzen – Stéchwuert Atomenergie.

Den neie Rapport vum Weltklimarot ënnersträicht, dass dëst Jorzéngt entscheedend gëtt. A mir mussen dofir ons Efforten am Klimaschutz weider verstäerken – am Intérêt vun den nächste Generatiounen.

Dat bedeit, och fir ons gréng an der Regierung, dass mer nach méi nach méi séier ëmsetze mussen.

Ma grad elo, an dësem entscheedende Moment fir de Klima, si mer mat enger schwiereger wirtschaftlecher Situatioun konfrontéiert.

D‘Präisser klammen an et besteet e réelle Risiko vun enger Stagflatioun.

Et si virun allem d’Stéit mat niddregem Akommes, déi ënnert dëser Situatioun leiden.

Well vill vun hinne krute scho virdrun d’Enner nëmmen nach schwéier beieneen – den neitsten Zuelen no sinn dat gutt e Véirel vun de Stéit zu Lëtzebuerg.

Deene Stéit muss geziilt gehollef ginn – an ech si frou, dass elo an der Tripartite decidéiert gouf, de Steierkredit ze erhéijen.

Genau dat hu mir och am Virfeld gefuerdert – well et ass dat richtegt Instrument, fir geziilt deenen ze hëllefen, déi et brauchen.

De grénge Kongress stoung ënnert dem Slogan “Schütze wat ons wichteg ass”

Soziales & Logement

Ma mir mussen och generell eng méi déifgräifend Debatt iwwert d’Verdeelung vum Räichtum an der Gesellschaft féieren.

Et däerf net just beim Constat bleiwen, dass d’Schéier tëschent Aarm a Räich ausernee geet an dass den Aarmutsrisiko klëmmt. D’Politik muss reagéieren.

Mir brauchen endlech eng sozial gerecht Steierreform, duerch déi d’Besteierung vum Kapital un déi vun der Aarbecht ugeglach gëtt.

Dat selwecht gëllt och beim Logement, wou d’Investitiounen an den ëffentlechen abordabele Wunnraum an de leschte Jore massiv geklomme sinn, mee wou déi néideg steierpolitesch Mesuren nach ëmmer op sech waarde loossen.

Et muss Schluss si mat engem Steiersystem, deen Investisseuren a Spekulanten an hirer Sich nom Profit favoriséiert.

Dat bedeit:

(1) Eidele Wunnraum a Bauterrainen duerch eng konsequent Besteierung mobiliséieren

(2) Plus-Valuen gerecht besteieren

(3) an och d’Steiervirdeeler fir Proprietairen an der Locatioun ofschafen.

Et gouf scho vill doriwwer geschwat, ma et ass elo de Moment fir et ëmzesetzen.

An ech zielen drop, dass – wéi virun e puer Méint vun der Regierung ugekënnegt – nach dëst Joer konkret Proposen op den Dësch gelucht ginn.

Mental Gesondheet

Iert ech zum Schluss kommen, wëll ech nach ee Sujet uschwätzen, mat deem mir ons als jonk gréng am leschte Joer intensiv beschäftegt hunn – a wou ech wees dass en och menger Co-Spriecherin besonnesch um Häerz läit.

Zukunftsängscht si bei de Jonken haut eng Realitéit. Wéinst der Klimakris, an ëmsou méi säit dem Ausbroch vum Krich an der Ukrain.

Ma och d’Pandemie huet der mentaler Gesondheet vun deene jonke Generatiounen zougesat. Angschtstéierungen an Depressiounen hunn zougeholl.

Dofir mussen mir als Gesellschaft endlech den Tabu vun de mentale Krankheete briechen a se als dat unerkenne wat se sinn, nämlech richteg Krankheeten, déi fréizäiteg erkannt an traitéiert musse ginn.

Et ass net z’acceptéieren, dass mir als eent vun de räichste Länner op der Welt mat engem vun de beschte Gesondheetssystemer, et nach ëmmer net fäerdeg bréngen, Psychoterapien ze rembourséieren.

Doriwwer eraus muss och e bessere Suivi vun der mentaler Gesondheet vu Jonken assuréiert ginn. Mir proposéieren dofir eng obligatoresch schoulesch Visitt fir all Schülerin a Schlüler beim Psycholog, an dat all 2 Joer nom Virbild vun de reegelméissege Consultatioune bei Generalisten.

Well och eng gutt mental Gesondheet, fir jiddwereen an net just fir déi déi et sech leeschte kënnen, ass eng Virraussetzung fir fräi ze liewen.

Schluss

Léif gréng Frëndinnen a Frënn,

Onse Kongress fënnt haut statt ënnert dem Slogan „Schütze wat ons wichteg ass“.

Ma wat gëlt et ze schützen, wann net ons Fräiheet?

D’Fräiheet iwwert säin eegent Liewen ze bestëmmen. D’Fräiheet, gären ze hunn, ween e wëll. D’Fräiheet, ze soen, wat engem duerch de Kapp geet.

All dës Fräiheete sinn net verhandelbar.

An dofir ass och onsen Engagement fir Klimaschutz, Gerechtegkeet a Fridden net verhandelbar.

Merci fir d’Nolauschteren.


Leave a Reply