Reaktioun op de Land-Interview mam Premierminister vum 11. Februar 2022
An engem rezenten Interview am Lëtzebuerger Land huet de Premier, op déi klammend sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg ugeschwat, d’Situatioun relativéiert a geäntwert, dass d’Schéier tëschent Aarm a Räich an der Pandemie jo net geklomme wier.1 Ausserdeem hätt d’Regierung jo schonn eng Rei Mesure geholl, fir déi Schwächst an der Gesellschaft ze ënnerstëtzen.
Effektiv kënnt de STATEC an enger rezenter Publikatioun zur Conclusioun, dass den Aarmutsrisiko am Joer 2020 stabil bliwwen ass par rapport zu virun der Covid-Kris. D’Ongläichheete beim Akommes sinn esouguer liicht erof gaangen.2 Also e Grond, opzeootmen?
Déi kuerz Äntwert ass: Nee. Déi nei Zuele vum STATEC sinn nämlech provisoresch, well déi definitiv Zuelen nach net disponibel sinn. Ausserdeem geet déi gefillten Aarmut am selwechte Rapport fir d’Joer 2020 net erof, mee erop. Den Undeel vun de Stéit, déi aussoen dass si d’Enner zum Schluss vum Mount nëmme schwéier beienee kréien, klëmmt vu 24,9% am Joer 2019 op 26,5% fir 2020. Besonnesch bei den Elengerzéienden ass de Chiffer mat bal 59% vun de Stéit immens alarmant.
Dobäi däerf een och net vergiessen, dass d’Joer 2020 markéiert war vun enger Rei temporäre Mesuren, déi sollte verhënneren, dass d’Stéit an d’Aarmut ofrutschen. D’Verdueblung vun der Allocation de vie chère, d’Afréiere vun de Loyeren, de generéise Regime vum Chômage partiel – dat ware Mesuren déi richteg waren, mee eben och just zäitlech begrenzt. Wéi d’Situatioun fir d’Joer 2021 an duerno ausgesäit steet op engem anere Blat.
Et ass sech d’Saach also ze einfach gemaach, de strukturelle Problem vun de klammende sozialen Ongläichheeten, dee mer säit Joren erliewen, op d’Säit ze kiere mam Argument, d’Covid-Kris hätt keen negativen Impakt gehat. Éischtens ass et ze fréi fir dat mat Sécherheet ze behaapten an zweetens weise genuch Indicateuren, dass mer duerchaus e Problem vun Aarmut zu Lëtzebuerg hunn, an dat och bei der schaffender Populatioun. Dat eleng ass alarmant genuch.
Genau sou wéineg däerf dëst als Argument hierhale fir iwwerfälleg Reformen no hannen ze verréckelen. D’Zuele weise kloer, dass onse Steier- a Sozialsystem et ëmmer manner fäerdeg bréngt, déi klammend Inegalitéiten anzedämmen.3 Eng Entlaaschtung vu Stéit mat niddrege Revenuen an eng Erhéijung vum Spëtzesteiersaz mussen dowéinst seriö diskutéiert ginn.
Grad elo, wou duerch déi héich Inflatioun virun allem d’Stéit mat niddrege Revenuë getraff sinn, wier och de richtege Moment fir eng Erhéijung vum Steierkredit ëmzesetzen an domat dës Stéit z’ënnerstëtzen.

(Source: STATEC, Rapport PIBien-être, 2020)
Och am Logement däerf sech d’Politik net fortducken, wann eng nei Etude zur Conclusioun kënnt, dass bei der aktueller Steierpolitik virun allem déi räich Proprietären, déi Wunnenge verlounen, massiv profitéieren. Amplaz ofzelenken, mussen de Premier an déi nei Finanzministesch hei endlech Neel mat Käpp maachen. Den Amortissement accéléré ersatzlos ofschafe wier en éischte Schrëtt.
Zu gudder Lescht huet de Premier a senger Äntwert och e kruzialen Aspekt vun de sozialen Ongläichheeten ausgeklammert, nämlech d’Inegalitéite beim Patrimoine. Mëttlerweil besëtzen zu Lëtzebuerg déi räichst 10% vun der Bevëlkerung knapp d’Hallschent vum gesamte Verméigen, wärend déi ënnescht 50% vun der Populatioun nëmmen 9% besëtzt.4

(Source: Y. Chen et al., Luxembourg Household Finance Consumption Survey, 2020)
Dësen Trend ass net just schlecht fir d’Chancëgläichheet a fir d’wirtschaftlech Entwécklung, e kraazt och um sozialen Zesummenhalt an der Gesellschaft. Déi klammend Inegalitéite beim Patrimoine mussen dowéinst an der ëffentlecher Debatt méi Gewiicht kréien. An d‘Parteie musse spéitstens en vue vun den nächste Wale konkret Léisunge proposéieren, déi si dëser Entwécklung entgéint setze wëllen.
Och wann ons Ekonomie insgesamt an am Verglach mam Ausland gutt duerch d’Covid-Kris komm ass, trëfft dat net op all d’Bierger:innen zou. D’Politik däerf sech also net selektiv hannert Statistike verstoppen. Si muss u geziilte Léisunge schaffen, fir dass et net just dem Land, mee an éischter Linn all de Bierger:inne gutt geet.
1 Lëtzebuerger Land, Interview mam X. Bettel vum 11.02.2022, “Ich bin wie ich bin”, https://gouvernement.lu/de/actualites/toutes_actualites/interviews/2022/02-fevrier/11-bettel-letzebuerger-land.html
2 STATEC (2021) Rapport travail et cohésion sociale, https://statistiques.public.lu/catalogue-publications/analyses/2021/PDF-Analyses-05-2021.pdf
3 STATEC (2020) Rapport PIBien-être, https://statistiques.public.lu/catalogue-publications/analyses/2020/PDF-Analyses-07-2020.pdf
4 Y. Chen et al. (2020) The Luxembourg Household Finance Consumption Survey: Results from the third wave, Cahier d’études working paper N°142, Banque centrale de Luxembourg, https://www.bcl.lu/fr/media_actualites/communiques/2020/03/WP-142/142_BCL_WORKING_PAPER.pdf
Éischt Verëffentlechung: Lëtzebuerger Land, 25.03.2022
Photo by Mathieu Stern on Unsplash